Fir säin iwwerzeegend a visionäert Wierk
De Literaturnobelpräis geet un de László Krasznahorkai

© JONATHAN NACKSTRAND / AFP
No den Auszeechnungen an den Naturwëssenschafte gouf en Donneschdeg den Nobelpräis an der Literatur verginn.
Dëse geet dëst Joer un den ungareschen Auteur László Krasznahorkai. Wéi et vun der schwedescher Akademie heescht, géif hie fir säin iwwerzeegend a visionäert Wierk, dat matten an engem apokalypteschen Terror d'Kraaft vun der Konscht reaffirméiere géif, ausgezeechent ginn.
Hie géif an der Traditioun vum Franz Kafka a vum Thomas Bernhard stoen.
Am meeschte gelies