D'EZB wëll bis September 2016 all Mount fir 60 Milliarden Euro Staatsemprunte kafen.

D'europäesch Zentralbank mécht also d'Geld-Schleisen op.

Se huet decidéiert, Staatssemprunten opzekafen an dat an enormem Moos.

Et handelt sech ëm 60 Milliarden Euro pro Mount an dat vu Mäerz dëst Joer bis September 2016.

Dat entsprécht am Cumul engem Volume vu ronn 1.100 Milliarden Euro.

Graff gesot kënnt dat drop eraus, dass d'EZB frëscht Geld dréckt fir d'Vergi vu Krediter, d'Economie an d'Inflatioun op Trapp ze bréngen.

D'europäesch Zentralbank léisst parallel de Leetzëns bei 0,05%.

"Ech si kee grousse Frënd vun där Zort vu Politik", seet de Chefeconomist vun der Banque de Luxembourg, well een net richteg kéint gesinn, wat se reell bréngt: De Guy Wagner bedauert och, datt méi Länner sech elo op déi Zort vu monetairer Politik ageschoss hunn. Dee richtege Wee wier et a sengen Aen, méi decidéiert strukturell Reformen duerchzezéien.

AUDIO: De Guy Wagner

Kritiker fäerten, dass dat neit Geld net bei deenen ukënnt, déi e Kredit wëllen, mä an Aktië wéi och an Immobilien investéiert gëtt an do zu neie Präis-Blose féiert.

Eng aner Angscht ass, dass Kriselänner, deenen hir Staatsemprunte massiv opkaf ginn, net méi sou vill Rigueur bei hire Reforme weisen.

Elo muss ee sech och d'Fro stellen, ween de Risiko dréit.

D'Opkafe vun den Emprunte leeft iwwert déi 19 national Zentralbanke vun der Eurozon.

Bei 20% vun den Titren, déi kaaft ginn, gëllt de gemeinsame Risiko. Fir déi aner 80% muss déi respektiv national Zentralbank de Risiko droen.

RTL

© AFP

AUDIO: Mechanismus EZB: Explikatioune vum Gaston Reinesch.
VIDEO: Mat Milliarden géint Deflatioun
D'Europäesch Zentralbank dréckt 60 Milliarden Euro pro Mount bis September 2016. Ziel: d'Präisser stabiliséieren an d'Economie op Trapp bréngen.

Euro ënner Drock
Déi massiv Geldsprëtz vun der Europäescher Zentralbank huet den Euro um Freideg weider ënner Drock gesat. Um Freideg de Moien huet d'Europäesch Gemeinschaftswährung 1,1315 US-Dollar kascht. Dat ass deen niddregsten Niveau zanter September 2003. Alleng en Donneschdeg hat den Euro bis zu dräi Cent nogelooss. D'EZB hat de Referenzcours en Donneschdeg op 1,1618 Dollar fixéiert.
Allgemeng hunn d'Boursen all positiv op d'Annonce vun der Europäescher Zentralbank reagéiert.