Forcéiert Däitschland ukrainesch Flüchtlingen, hir Autoe vun engem bestëmmte Wäert un ze verkafen?

Zënter dem Ufank vum russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain huet Däitschland iwwer eng Millioun Refugiéen aus der Ukrain opgeholl. Zënter Ufank August 2023 kurséiert an de sozialen Netzwierker op en Neits eng Behaaptung, no där ukrainesch Flüchtlingen vum 1. Juli 2023 un dozou verflicht sinn, hiert gesamt Verméigen ze deklaréieren an hiren Auto ze verkafen, wann e méi wéi 7.500 Euro wäert ass.
Bal 6.000 Notzerinnen an Notzer hunn en tschecheschsproochege Facebook-Bäitrag vum 27. Juli 2023 mat der Behaaptung, dass "d'Beweegungsfräiheet vun ukrainesche Flüchtlingen an Däitschland den 1. Juli 2023 op en Enn geet", gedeelt. Weider gëtt behaapt, dass Flüchtlingen vun dësem Datum un "verflicht sinn, all hir finanziell Mëttelen an hiert gesamt perséinlecht Eegentum unzeginn" an dass, wann de Wäert vun hiren Auto iwwer 7.500 Euro léich, "de Besëtzer verflicht ass, den Auto ze verkafen a vum Erléis ze liewen".

© AFP
Faktenchecken iwwer de Krich an der Ukrain sammelt d'AFP hei.
Et ass net déi éischt Kéier, dass a sozialen Netzwierker Bäiträg propagéiert ginn, no deenen ukrainesch Refugiéen an Däitschland angeeblech expulséiert kéinte ginn, wa si net hiert ganzt Verméigen deklaréiere géifen.
Eng änlech Behaaptung - de Kommentar iwwer "d'Enn vun der fräier Zirkulatioun vun ukrainesche Flüchtlingen" souwéi den angeeblechen Zwang, den Auto mussen ze verkafen - war schonn am Joer 2022 souwuel op Slowakesch wéi och op Tschechesch am Ëmlaf. D'AFP huet dës Behaaptung hei widderluecht.
Däitschland ënnerstëtzt weiderhin ukrainesch Refugiéen
Den Donnéeë vun der Europäescher Unioun no huet Däitschland bis Mäerz 2023 méi wéi eng Millioun Krichsrefugiéen aus der Ukrain opgeholl - an absolutten Zuelen déi héchst Zuel weltwäit.
Op AFP-Ufro huet den däitsche Bundesministerium für Arbeit und Soziales (BMAS) confirméiert, dass just déijéineg, déi finanziell Hëllef ugefrot hunn an hir materiell Bedierftegkeet noweise kënnen, hiert Verméige mussen uginn, awer net all d'Persounen, déi virum Krich flüchten.
No hirer Arrivée musse sech ukrainesch Flüchtlinge registréiere loossen an eng Demande op virleefege Schutz no § 24 vum Openthaltsgesetz stellen. Mat dësem Status entfält d'Noutwendegkeet, eng Demande op Asyl ze stellen. Dat ass gängeg Praxis an der EU, zanter den EU-Rot vum 4. Mäerz 2022 nei Reegelen decidéiert hat. De virleefege Schutzstatus ass am Moment bis de 4. Mäerz 2024 valabel a ka bei Bedarf ëm e weidert Joer verlängert ginn.
Eng Demande op eng Openthaltsgeneemegung ass erfuerderlech, sollt den oder d'Refugiéen Ënnerstëtzung bei Logement, Beschäftegung, gratis (net akut) Gesondheetsversuergung, Sozialleeschtungen oder Änlechem ufroe wëllen.
Zënter dem 1. Januar 2023 hu Flüchtlingen aus der Ukrain, deenen Asyl accordéiert gouf, Usproch op déi selwecht sozial Ënnerstëtzung duerch d'Bürgergeld wéi däitsch Staatsbiergerinnen a Staatsbierger. Eng eenzel Persoun kritt dobäi am Mount 502 Euro. Eng elengerzéiend Mamm ka fir all Kand tëscht 318 a 420 Euro ufroen, jee no Alter vum Kand. Demandeure kënnen och zousätzlech Ënnerstëtzung fir Heizung a Logement ufroen.
Germany4Ukraine, eng Internetsäit vum Bundesministerium des Innern und für Heimat (BMI), déi sech speziell u Flüchtlingen aus der Ukrain adresséiert, weist dorop hin, dass opgrond vum unhalende Krich vill Ukrainerinnen an Ukrainer an Däitschland Usproch op Ënnerstëtzung hunn, och wa si an der Ukrain Eegentum hunn. Wa si awer Zougang zu Boergeld hunn, beispillsweis vun der Bank ofhiewe kënnen, musse si fir d'éischt dës Mëttel benotzen, fir hir Liewenskäschten ofzedecken.

© AFP
Flüchtlingen, déi keng Leeschtungen ufroen, ginn net op hiert Eegentum iwwerpréift
D'AFP huet doropshin den däitsche Bundesministerium für Arbeit und Soziales (BMAS) kontaktéiert. D'Departement fir extern Kommunikatioun huet den 9. August 2023 an enger E-Mail matgedeelt, dass d'Informatiounen an de Bäiträg, déi propagéiert ginn, falsch wären.
Wie Biergergeld ufreet, misst eng Verméigenserklärung ofginn, déi am Eenzelfall iwwerpréift kéint ginn, sot e Spriecher vum BMAS. D'Verméige vun allen ukrainesche Refugiéen, déi an Däitschland ukommen, géif awer net gepréift.
"Wann eng Persoun aus der Ukrain op eege Käschten an Däitschland lieft, ass eng Verméigenspréiwung net erfuerderlech", sot de BMAS-Spriecher.
Och d'Behaaptung, dass Refugiéen Autoen am Wäert vu méi wéi 7.500 Euro verkafe missten, wär net zoutreffend, sou de Spriecher.
Autoe géife bis zu engem Wäert vu 15.000 Euro als "appropriéiert" Verméige gewäert an eréischt wann dëse Wäert iwwerschratt wär, kéinten d'Autoritéite préiwen, ob den Usproch op Sozialleeschtunge gerechtfäerdegt wär. "Eng Verschäerfung vun dëse Reegelungen ass net geplangt", sou de BMAS.
D'Schwäiz huet et opginn, Flüchtlingen zum Autoverkaf zwéngen ze wëllen
Eent vun de Länner, dat tatsächlech versicht huet, Krichsrefugiéen dozou ze bréngen, hir Autoen ze verkafen, war d'Schwäiz. Dat huet sech awer an der Praxis als schwéier ëmzesetzen erwisen.
Engem Bäitrag vum Schwäizer Radio- a Fernseesender SRF vum Mee 2023 no gouf bis elo nach kee Flüchtling dozou gezwongen, den eegenen Auto ze verkafen. Leit, déi Sozialleeschtunge kréien, soten dacks aus, dass den Auto enger anerer Persoun an der Ukrain gehéiere géif. An de meeschte Fäll wären d'Gefierer ausserdeem och net sou wäertvoll, dass sech e Verkaf an der Schwäiz loune géif, ass am Bericht vum SRF ze enthuelen.
Fazit: Ukrainesch Refugiéë ginn an Däitschland net dozou gezwongen, hiren Auto ze verkafen, och dann net, wann de Wäert méi héich läit wéi 7.500 Euro. Just Refugiéen, déi Sozialhëllef ufroen, mussen hiert Verméigen oppeleeën, wouropshin decidéiert gëtt, ob d'Demande accordéiert gëtt oder net. Dat hu verschidde Ministèrë géintiwwer der AFP erkläert. Eent vun de Länner, dat den Autoverkaf forcéiere wollt, war d'Schwäiz, déi awer schliisslech vun dëse Beméiungen ofgesinn huet, well et an der Praxis schwéier ëmzesetze war.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
