Wéi d'CSV vu Sandweiler matdeelt, hu si hir Kandidatelëscht en Dënschdeg am Centre Culturel presentéiert.

D'Lëscht fir d'Gemengewalen am Juni gëtt ugefouert vun der aktueller Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz an dem Conseiller Jean Lemmer. Nieft der Duebelspëtzt ginn nach véier weider Fraen a fënnef Männer mat an d'Rennen.

Hei déi komplett Lëscht

  • Romain Dumong, 57
  • Danielle Fehlen-Dall’Armellina, 53
  • Claudia Gasparro ép. Jorge, 42
  • Jean Lemmer, 44
  • Dan Marx, 58
  • Simone Massard-Stitz, 59
  • Corinne Meysembourg, 39
  • Roger Meysembourg, 68
  • Maria Morais, 51
  • Dirk Müller, 46
  • Gerry Stammet, 61