Zu Lëntgen gëtt dëst Joer fir d'éischt nom Proporzsystem gewielt. D'DP ass déi éischt Partei, déi hir Lëscht an der Uelzechtdall-Gemeng presentéiert huet.

Virop kandidéiert den aktuellen 1. Schäffen Jeannot Toisul deen 2017 déi véiert-meeschte Stëmme krut. Déi aner 10 liberal Kandidaten sinn aktuell net am Lëntgener Conseil vertrueden. Op der DP Lëscht sinn 8 Männer an 3 Fraen.

Hei déi komplett Lëscht

  • Christiane RISCHARD-HAAG, 56
  • Jeannot TOISUL, 66
  • Ben PETERS, 27
  • Jorge MANUEL DA SILVA OLIVEIRA, 39
  • Chantal SCHLOESSER-WIRTH, 55
  • Dylan BOUSO, 29
  • Claude GROFF WELTER, 61
  • Arsène RISCHARD, 53
  • Marc MATHIAS, 55
  • Aldin ALJUKIC, 34
  • Lena SCHLOESSER, 23