CSV- Déifferdeng
Lëscht ëm d'Spëtzekandidaten Tom Ulveling an Emina Ceman

© CSV Déifferdeng
D'CSV Déifferdeng huet hir Lëscht fir d'Gemengewale presentéiert.
Têtes de Liste sinn den aktuelle Schäffen Tom Ulveling, deen zanter bal 3 Joerzéngten am Gemengerot ass an d'jonk Assistante Sociale Emina Ceman. Net méi mat geet den zweeten CSV-Schäffe Robert Mangen.
D'Conseilleren Jerry Hartung a Guy Tempels sinn och nees op der CSV-Lëscht vertrueden. Ënnert den 19 Déifferdenger Kandidaten ass mam Philippe Spautz och de Fils vum aktuellen Deputéierte Marc Spautz.
Op der Lëscht kandidéieren 8 Fraen an 11 Männer, d'Altersmoyenne läit bei knapp 44 Joer.
Aktuell ass zu Déifferdeng eng gréng-schwaarz Koalitioun mat enger Majoritéit vun 11 Sëtz um Rudder.
Hei déi komplett Lëscht
- Tom ULVELING, 63
- Emina CEMAN, 27
- Petrit CAKAJ, 35
- Antonio DE CAROLIS, 54
- Claudia FISCH, 44
- Catarina GONCALVES DA SILVA, 35
- Jerry HARTUNG, 43
- Maria HIPOLITO, 46
- René MACRI, 45
- Paula MONTENERO-DA CRUZ, 46
- Claude OLTEN, 63
- Sophie RAOUL-PINHEIRO, 45
- Cristina RIBEIRO, 32
- Cristina RODRIGUES, 45
- Philippe SPAUTZ, 28
- Guy TEMPELS, 51
- Thierry TERNES, 29
- Robert TIBERI, 57
- Nicodemo ZANGARI, 39
Am meeschte gelies