Déi Gréng hunn hir Lëscht fir d'Gemengewalen zu Mamer presentéiert.

Déi lokal Oppositiounspartei geet mat de Spëtzekandidatinnen Djuna Bernard an Adèle Schaaf-Haas an d'Walen.

Soss och ënnert de Kandidaten ass d'aktuell Conseillère Mim Bernard. Net méi kandidéieren dogéint d'Claudine Vervier an de gréngen Éischtgewielten Jemp Weydert, deen 2021 der Politik de Réck gedréint hat. 6 vun de Mamer grénge Kandidaten waren ewell mat a Walen gaangen, 9 sinn eng 1. Kéier dobäi.
Op der grénger Lëscht sinn 8 Fraen an 7 Männer.  D'Altersmoyenne läit bei 51 Joer.

Hei déi komplett Lëscht

  • Djuna BERNARD, 30
  • Adele SCHAAF-HAAS, 59
  • Mim BERNARD, 64
  • Jean-Louis COUGON, 75
  • Pier DAX-BROSIUS, 56
  • Georgia DROSOU, 59
  • Mex FEDERMEYER, 64
  • Alexandra LEICK, 45
  • Jean-Marie MOES, 64
  • Frederike OEHLER, 47
  • Didier PICARD, 48
  • Simone PISSINGER, 63
  • Moritz SCHAAF, 26
  • Benoît VERMEERSCH, 59
  • Lea VOGEL, 19