Fir d'éischte Kéier zanter 2005 ginn déi Liberal zu Diddeleng rëm mat an d'Gemengewalen den 11. Juni.

Mam Marc Meyer an dem Sheila Schmit un der Spëtzt geet d'DP zu Diddeleng an d'Gemengewalen den 11. Juni. Et ass déi éischte Kéier zanter 2005, datt déi Liberal zu Diddeleng rëm eng Lëscht presentéieren. Deemools hate si just 3,73 Prozent vun de Stëmme kritt a konnte mat deem Resultat kee Sëtz am Gemengerot areechen. 2023 ass et da lo een neien Ulaf.

Hei déi komplett Lëscht

  • Marc MEYER, 43
  • Sheila SCHMIT, 42
  • André ANTUNES, 26
  • Fabrice BAUR, 47
  • Françoise BINSFELD, 44
  • Alfred DAGBUI, 24
  • Andrea GIACOMETTI, 58
  • Anne GLESENER, 31
  • Claude GRETHEN, 53
  • Francis HERMES, 52
  • Alain KIRT, 56
  • Andy LIMA, 44
  • Christian NAEGELEN, 41
  • Natacha OMBRI, 44
  • Lotty PLEIM, 82
  • Laetitia RASPADO, 31
  • José Pedro SILVA DOS SANTOS JUNIOR, 34
  • Lynn STRASSER, 28
  • Florina Cristina WELTER-FRANCU, 37