D'Steeseler CSV trëtt mat 7 Männer a 4 Frae bei de Gemengewalen un.

Spëtzekandidat ass den 30 Joer alen Ekonomist Bob Morbach. Den aktuelle Schäffe Jean Rossy an de Gemengeconseiller Marcel Oberweis kandidéieren net méi.

Den Duerchschnëttsalter vun de Kandidate läit bei 41 Joer.

Hei déi komplett Lëscht:

  • Bob MORBACH 30
  • Maxime BERNARD 30
  • Cyril DE WAHA 20
  • Lucija DURIC 33
  • Virginie HANSEN 20
  • Joé MBAYA 40
  • Ulla MULLER 62
  • Alexandra HANSEN-PIECUCH 49
  • Filipe SAMPAIO 44
  • Claude SCHROEDER 56
  • Léon WEBER 67