D'Sozialiste vu Mäertert gi mam Buergermeeschter Jérôme Laurent un der Spëtzt an d'Gemengewalen den 11. Juni.

Kuerz no der DP huet elo och d'LSAP hir Kandidatelëscht fir d'Gemengewalen zu Mäertert-Waasserbëlleg virgestallt. Spëtzekandidat ass de Buergermeeschter Jérôme Laurent, och d'Schäffe Lucien Bechtold an Nadine Boever ginn nach ee mol mat, grad wéi d'Conseillieren Nathalie Ludwig a Claude Franzen. Am Ganze si 6 Fraen a 5 Männer op der Lëscht, den Altersduerchschnëtt läit bei 48 Joer. D'LSAP huet aktuell d'absolutt Majoritéit zu Mäertert-Waasserbëlleg.

Hei déi komplett Lëscht:

  • Jérôme LAURENT, 49
  • Lucien BECHTOLD, 62
  • Nadine BOEVER épouse LANG, 55
  • Luana DE SANCTIS, 60
  • Claude FRANZEN, 54
  • Marie-Lucie GRETSCH, 43
  • Mireille LENERTZ épouse WIRTZ, 48
  • Nathalie LUDWIG, 27
  • Laetitia MARQUES, 21
  • Jos SCHUMMER, 63
  • Marc SIEGLER, 53