Déi Gréng - Stroossen
Zwou Fraen un der Spëtzt vun der Lëscht

Op dëser Foto si just 13 vu 15 Kandidate vun déi Gréng Stroossen. / © Déi Gréng Stroossen
Déi Stroossener Gréng gi mat enger Duebelspëtzt aus der Maryse Bestgen an dem Anne-Marie Linden an d'Gemengewalen. Allebéid sinn den Ament am Gemengerot.
Och den Roland Bestgen, deen 2017 den gréngen Éischtgewielte war, geet nees mat an d'Walen.Ënnert de 15 gréngen Stroossener Kandidate sinn 8 Fraen a 7 Männer; d'Altersmoyenne läit bei 48 Joer.
2017 waren 13 Conseilleren zu Stroossen ze wielen - dëst Joer sinn et der 15. D'Gemeng gëtt vun enger CSV-LSAP-Majoritéit geleet.
Déi komplett Lëscht:
- Maryse BESTGEN 60
- Anne-Marie LINDEN 39
- Roland BESTGEN 61
- Lisa BOHLER 36
- Nicolas BOULLION 41
- Carine CLEMENT 65
- Pol FABER 60
- José FARIA DE MATOS 66
- Emilie FISTER 40
- Valérie LEBEAU 54
- Alain MAURY 68
- Léo METZ 27
- Sriram RANGAJARAN 34
- Claire REMMY 24
- Ode VIGNERON 50
Am meeschte gelies