D'Stater DP huet am spéiden Nomëtteg hir komplett Lëscht fir d'Gemengewalen, den 11. Juni, presentéiert.

Nieft der scho bekannter Duebelspëtzt vu Lydie Polfer a Patrick Goldschmidt, souwéi der liberaler Familljeministesch Corinne Cahen, där hir Kandidatur och scho méi laang bekannt ass, stelle sech och d'Schäffe Simone Beissel a Colette Mart, souwéi d’Conseillere ClaudeRadoux, MathisProst a Sylvia Camarda nach emol de Wieler an der Haaptstad.

D'Conseilleren Héloïse Bock a Jeff Wirtz dogéint trieden dëst Joer net méi un.

Eng éischte Kéier fir d'Stater DP mat an d'Course ginn dann ënnert anerem nach d'Geschäftsfra Anne Kaiffer, déi eng Familljemetzlerei an der Stad leet an de Gastronom Alexandre de Toffol, deen am Nuetsliewen aktiv war.

Hei déi komplett Lëscht

  • Lydie POLFER 70
  • Patrick GOLDSCHMIDT 53
  • Simone BEISSEL 69
  • Colette MART 67
  • Pascale AREND ÉP. KROMBACH 49
  • Corinne CAHEN 49
  • Sylvia CAMARDA 44
  • Camilla CUPPINI 52
  • Alexandre DE TOFFOL 34
  • Françoise DEUTSCH ÉP. DUPONT 58
  • Mary FALTZ 39
  • Laurence GILLEN 50
  • Stéphanie GOERENS 38
  • Anne KAIFFER 42
  • Viviane LAUTH 40
  • Loris MEYER 30
  • Luis OLIVEIRA 21
  • Robert L. PHILIPPART 62
  • Joe POLFER 29
  • Mathis PROST 43
  • Claude RADOUX 59
  • Romain REULAND 64
  • Joël RODRIGUES LA VINAS 29
  • Daniel RUIZ VIEJOBUENO 26
  • Pitt SIETZEN 25
  • Max STOFFEL 56
  • Nicolas WURTH 30