
An der CSV-Héichbuerg Hesper ginn och Déi Gréng mat an d'Walen, déi aktuell mat 3 Conseilleren am Gemengerot vertruede sinn.
Op der Lëscht sinn och déi 2 aner aktuell Conseillere Carole Goerens a Roland Tex. Déi 17 gréng Hesper Kandidaten hunn eng Altersmoyenne vu ronn 50 Joer - op der Lëscht sti 7 Fraen an 10 Männer.
Anescht wéi bei de Walen 2017 stelle sech zu Hesper op de verschiddene Lëschte keng 15 mee 17 Kandidaten de Wieler.
Wéi et vun de Gréngen Hesper heescht, wier d'Gemeng déi lescht 6 Joer vun enger eenzeger Majoritéitspartei - der CSV- geleet ginn, wat der Gemeng net gutt gedoen hätt – "e Wiessel wier duerfir néideg".
Hei déi komplett Lëscht:
- Marie-Lyne KELLER 45
- Stephen DE RON 32
- Roland TEX 65
- Carole GOERENS 52
- Cornelia BAUM 54
- Paul BISSENER 74
- Cédric BRODIN 51
- Jérôme DIERICKS 47
- Manuel KUMAPLEY 45
- Julie LAGORCE 40
- Olivier LAMESCH 46
- Michèle LOUIS 67
- Willy MARCUS 70
- Patrick MENEGUZ 48
- Maya PERAZA DIDION 23
- Ben REYTER 20
- Catherine SCAUFLAIRE 64
Am meeschte gelies