
D'Ekipp vun déi Lénk Suessem mat 9 Fraen an 8 Männer fir d'Gemengewalen, den 11. Juni, steet. Den Altersduerchschnëtt läit bei 48 Joer.
Déi Lénk zu Suessem presentéieren hir Lëscht fir d'Gemengewalen am Juni, mat 4 Leit un der Spëtzt: d'Deputéiert Myriam Cecchetti, déi schonn eng Kéier fir déi gréng am Schäfferot war, d'Conseilleren Jos Piscitelli, och Ex-LSAP, a Patrizia Arendt an d'Irina Holzinger, déi fir d'lokal Koordinatioun vun der Partei zoustänneg ass.
Och de Gemengerot a fréieren Deputéierte Serge Urbany geet nach ee mol mat. Aktuell ass eng LSAP-CSV-Koalitioun zu Suessem an der Verantwortung.
Hei déi komplett Lëscht:
- Myriam CECCHETTI 57
- Jos PISCITELLI 64
- Patrizia ARENDT 61
- Irina HOLZINGER 40
- Pietro BENEDETTI 64
- Steve BIVER 37
- Mirka COSTANZI 35
- Franky GILBERTZ 39
- Carmen KRIER 36
- Romy MASSARD-REINERT 61
- Tania MOUSEL 33
- Pierre MOUSEL 64
- Maria de Lurdes PEREIRA DE AZEVEDO 45
- Dany Luis PEREIRA FIGUEIREDO 31
- Sandra PHILIPPS 50
- Olivier SEYLER 27
- Serge URBANY 71
Am meeschte gelies