Zu Stadbriedemes muss net gewielt ginn. An der Majorzgemeng hu sech just sou vill Kandidaten opgestallt, wéi Posten am Gemengerot sinn, 9.

Nëmmen nach ee Member aus dem aktuelle Gemengerot war nach ee mol ugetrueden, de Schäffen Robi Beissel. Den aktuelle Buergermeeschter Marco Albert sot eis op Nofro, hien hätt scho virun 3 Joer decidéiert, nëmmen nach säi Mandat fäerdeg ze maachen an hätt dat och de Bierger matgedeelt. Hie wier scho laang genuch aktiv gewiescht a wéilt Plaz fir nei Leit maachen. Och d'CSV-Deputéiert an aktuell Conseillère Octavie Modert ass an Zukunft net méi am neie Gemengerot.

Hei déi komplett Lëscht

  • Robert BEISSEL
  • Joëlle FIXEMER
  • Claude FORGET
  • Nicole GEORGES
  • Jean KOX
  • François LANGE
  • Alain SCHIEL
  • Carlo STRONCK
  • Yves ZOLVER