10 Kandidate fir 9 Posten

© RTL Grafik
D'Lëscht fir d'Gemengewalen zu Useldeng steet.
Et kandidéieren 10 Kandidate fir 9 Posten am Gemengerot. Den aktuelle Buergermeeschter Pollo Bodem geet nach emol mat an d'Walen, grad wéi d'Schäffe Pé Da Silva a Christian Frank. Och den Direkter vum CNDS an aktuelle Gemengerot Raoul Schaaf ass nees Kandidat.
De fréiere gréngen Deputéierte Gérard Anzia geet net méi mat an d'Gemengewalen.
De Pirat Starsky Flor, deen zu Péiteng am Gemengerot war, kandidéiert elo a senger neier Heemechtsgemeng Useldeng.
Hei fannt dir déi komplett Lëscht:
Gerry BIESER M
Léon dit Pollo BODEM M
Hugo Alexandre CORREIA ISIDORO M
Pierre dit Pé DA SILVA M
Starsky Selestino FLOR M
Christian FRANK M
Guy GITZINGER M
Christiane HARPES F
Manon REICHERT F
Raoul SCHAAF M