Éischte Büro an der Stad ausgezielt
CSV verléiert am éischten Deelresultat am Stäerksten

An der Stad ass deen éischte vun insgesamt 88 Büroen ausgezielt.
Deem Deelresultat no leet d'DP (32,9 Prozent) mat 2,8 Prozent liicht bäi. Zweetstäerkste Partei wieren deemno déi gréng mat 21,3 Prozent. D'CSV verléiert am Deelresultat ronn 15 Prozent a kënnt just nach op ronn 10 Prozent.
Déi aktuell Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass zefridde mat den éischte Resultater vun de Lëschte-Stëmmen, ma iwwert d'Endresultat kéint een nach näischt soen, well dëst nach zu all Moment ka changéieren.
Lydie Polfer zefridde mat Resultater vu Lëschte-Stëmmen
Am meeschte gelies