An der neier Fusiounsgemeng si Groussbus a Wal eenzel wiele gaangen. Dono musse si sech zesummen eens ginn, fir e Schäfferot ze besetzen.

Zu Groussbushuet den aktuelle Buergermeeschter Paul Engel de beschte Score gemaach (782). Dohannert kommen d'Anne Steichen (590) an den Armand Olinger (494).

Déi meeschte Stëmme krut zu d'Waldéi aktuell Gemengemamm Christiane Bach ép. Thommes mat 610. Dohannert kommen d'Maggy Risch (503) an d'Michèle Ensch (417).