D'Lëscht "Besser Zesummen" kënnt op 33,4 Prozent vun de Stëmmen.

Zu Schengen krut d'Biergerlëscht "Äer Ekipp" d'Majoritéit mat 66,6 Prozent. Den aktuelle Buergermeeschter Michel Gloden vun der Biergerlëscht "Äer Ekipp" mat 2.558 Stëmmen nees déi meeschte Stëmmen. An der Proporzgemeng kommen den Tom Weber (2.296 Stëmmen) an de Jean-Paul Muller (2.174 Stëmmen) vun der Biergerlëscht Äer Ekipp op déi zweet, respektiv déi drëtt Plaz.

Siwe vun den eelef Sëtz ginn deemno un d'Biergerlëscht "Äer Ekipp", d'Biergerlëscht "Besser Zesummen" kritt véier Sëtz.