D'Oppe Lëscht Ëlwen kritt dogéint 3 Sëtz, d'ADR gouf net an de Gemengerot gewielt.

De Buergermeeschter Edy Mertens vun der Ëlwenter Biergerlest kritt 1.284 Stëmmen an domadder eng Stëmm méi wéi de Schäffe Guy Henckes. Drëttgewielte kënnt vun der selwechter Lëscht an dat ass de Carlo Schroeder (984).

Vun der Oppe Lëst Ëlwen packen et déi zwee Gemengeconseilleren Mario Glod (753) an André Dumont (631) esou wéi d'Tania Isabel Lopes (284) an de Gemengerot. Déi meeschte Stëmme bei der ADR krut de Steve Schmit mat 204, mä kee vu senger Partei huet et an de Gemengerot gepackt.

De ganzen Iwwerbléck fannt der op eiser Walsäit.