Siwe Sëtz fir d'"Fräi Lëscht"
Stéphanie Weydert kritt zu Rouspert-Mompech déi meeschte Stëmmen

Siwe Sëtz ginn un déi "Fräi Lëscht", véier ginn un d'DP.
D'Buergermeeschtesch Stéphanie Weydert vun der "Fräier Lëscht" krut mat 1.999 Stëmmen déi meeschte Kräizercher zu Roupert-Mompech. Hannert hir kommen de Patrick Hierthes (1.781 Stëmmen) an den Tom Leonardy (1.294 Stëmmen), och vun der Fräier Lëscht.
Et ass déi éischte Kéier, datt an der fusionéierter Gemeng am Proporz-System gewielt gouf.
Am meeschte gelies