Dem Buergermeeschter Gilles Roth no hätt d'Koalitioun zu Mamer e gudde Bilan virzeweisen an et wier een als CSV mat enger gudder Lëscht an d'Wale gaangen.

Och d'Francine Closner vum Koalitiouns-Partner LSAP ass zefridde mam Walresultat. Fir d'LSAP wier et wichteg, dass een nees zweetstäerkst Partei zu Mamer wier.