"Är Leit" kommen op sechs Sëtz, d'CSV an déi Gréng jeeweils op zwee. Ee Sëtz geet un d'DP.

1.405 Stëmme ginn zu Luerenzweiler un déi aktuell Buergermeeschtesch Marguy Kirsch-Hirtt vun der Biergerlëscht "Är Leit". De Paul Bach (1.195) an de Frazer Alexander (1.031) vun "Är Leit" kommen op déi zweet, respektiv déi drëtte Plaz.