D'DP kënnt op fënnef Sëtz, virun der CSV mat véier (-1). Déi Gréng kréien zwee Sëtz an d'Biergerlëscht "Ar Bierger" och zwee.

Den DP-Spëtzekandidat Ben Ries kënnt zu Jonglënster op déi meeschte Stëmmen (2.715). Hannert him kommen de Raphaël Schmitz vun der CSV (2.125 Stëmmen) a säi Parteikolleeg, den DP-Deputéierte Gilles Baum (1.964 Stëmmen).

Ben Ries (DP) krut déi meeschte Stëmmen zu Jonglënster

Am Verglach zu 2017 huet d'DP 4,6 Prozent gewonnen, d'CSV huet 5,1 Prozent verluer.