CSV bleift un der Spëtzt, LSAP a Gréng verléieren

Déi Chrëschtlech Sozial Vollekspartei behält hir siwe Sëtz am Gemengerot zu Käerjeng. Ee Sëtz bäi kréien d'ADR an d'Piraten.
Den aktuelle Buergermeeschter Michel Wolter kritt mat 3.365 Stëmme bäi wäitem déi meescht. Dohannert kënnt den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten (2.488) an den CSV-Schäffe Frank Pirrotte (2.400). Ee Sëtzt all Kéier geet un déi Gréng fir d'Josée-Anne Siebenaler-Thill (1.242), un d'DP mam Jérôme Hautus (850) un d'ADR mam Fernand Kartheiser (725) an un d'Pirate mam Vincenzo Turcarelli (682).
Kuckt ee sech d'Prozenter un, esou verléieren d'CSV (-3,3), d'LSAP (-5,6) an déi Gréng (-3,7). Bäigewonnen hunn d'DP (+1,1), d'ADR (+3,3) an d'Piraten, déi aus dem Stand op 8,2 koumen.
Dat komplett Resultat vun der Gemeng Käerjeng op eiser Walsäit.