Déi Rout kommen op 36,2 Prozent, verléieren awer liicht. E Plus gëtt et fir d'DP, déi op 24,1 kommen an d'Biergerlëscht, déi op iwwer 20 Prozent kënnt.

D'CSV dogéint verléiert liicht a fält op ënner 20 Prozent.

D'LSAP-Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller krut mat 1.851 Stëmmen déi meeschten. Dohannert kënnt den DP-Deputéierte Max Hahn (1.174) an den DP-Conseillier Luc Emering (984). Bei der Biergerinitiativ krut de Sven Schaul mat 727 Stëmmen déi meescht a bei der CSV war et de Carlo Neu (591).

De kompletten Iwwerbléck zu Dippech fannt der op eisem Walsite.