Nidderaanwen
CSV verléiert, bleift awer stäerkste Partei

Mat knapp méi wéi 40 Prozent setzt sech d'Ekipp ëm den CSV-Schäffe Fréd Ternes duerch.
Hie selwer krut mat 2.032 Stëmmen och déi meeschte Stëmmen an der Gemeng. Dohannert kënnt de Spëtzekandidat Jean Schiltz mat 1.347 Stëmmen an den CSV-Conseiller Jeancques Bauer (1.329).
D'CSV packt et mat 5 Leit an de Gemengerot, d'LSAP an d'DP mat 3 an déi Gréng mat 2. D'CSV huet ee Sëtz verluer, deen ass un d'DP gaangen.
Am meeschte gelies