Et ass déi éischte Kéier, datt zu Bettenduerf am Proporzsystem gewielt gouf.

Hei hate sech dräi Biergerlëschten opgestallt, vun deenen der zwou all Kéiers op 5 Sëtz kommen ("Meng Gemeng - Mäin Doheem" an "Eng Ekipp fir Iech"). Déi drëtt krut nach een.

Déi meeschte Stëmme ginn un de José Herminio Vaz Do Rio vun "Eng Ekipp fir Iech" mat 842 Stëmmen. Dohannert kommen direkt dräi Leit vun der Lëscht "Meng Gemeng - Mäin Doheem", dat mam Andy Derneden (836), der Simone Hoffmann (751) an dem Patrick Mergen (715). Vun der Lëscht "Eis Gemeng um Wee an d'Zukunft" huet d'Suzette Serres mat 326 Stëmmen e Sëtz kritt.

De kompletten Iwwerbléck vun der Gemeng fannt der op eisem Walesite.