Esch ausgezielt
Mischo Éischtgewielten, LSAP awer mat de meeschte Stëmmen

Extrem spannend war et bis zum Schluss zu Esch. D'LSAP huet 29,57% vun de Stëmme kritt, géintiwwer 29,55% fir d'CSV.
Reaktioune vu Georges Mischo (CSV) a Meris Sehovic (Déi Gréng) op Resultater
Et war e stännegen Hin an Hier zu Esch! Um Enn huet d'LSAP déi meeschte Stëmme kritt, nämlech 57.719, géintiwwer 57.683 fir d'CSV. Deemno hu ganzer 36 Stëmmen den Ënnerscheed gemaach.Vill méi knapp konnt et deemno net ginn.
De Georges Mischo huet déi meescht Stëmme kritt (4.977), ma knapp hannendru kommen de Steve Faltz an d'Liz Braz vun der LSAP.

© Jeannot Ries
Walen zu Esch
Mischo Éischtgewielten, LSAP awer mat de meeschte Stëmmen.
Déi gréng veréieren 1 Sëtz am Verglach mat 2017, grad ewéi déi Lénk. Dofir kommen d'Piraten an d'ADR nei an de Gemengerot.
D'LSAP behält 6 Sëtz, grad ewéi d'CSV. D'DP behält och hir 2 Sëtz.
Am meeschte gelies