D'Lydie Polfer kann och hire perséinleche Score verbesseren am Verglach mat 2017 mat 15.212 Stëmmen, e Plus vun 20,2 Prozent.

D'CSV verléiert 4,5 Prozent an ee Sëtz op elo 6 Sëtz a bleift zweetstäerkst Kraaft an der Stad mat nach 20,6 Prozent. Dat virun deene Gréngen, déi 0,7% verléieren op elo 18,5 %. Si behale 5 Sëtz. D'Sozialiste verléieren 0,4% op elo 10,7% a bleiwe bei 3 Sëtz. Déi Lénk verléieren 1 Sëtz (1%) op 5,8% an hunn nach ee Sëtz. D'ADR leet ëm 0, 6% bäi op 4,9% a kritt nees ee Sëtz am Stater Gemengerot. D'Pirate wannen 2,2% op 4,8 Prozent an hunn och ee Sëtz um Knuedler.

Fokus kënnt an der Stad op 2,4 Prozent. D'Mir d'Vollek kënnt op 1%.

Déi meeschte Stëmme wéi gesot fir déi aktuell Buergermeeschtesch an Deputéiert. Hannendru sinn et de Schäffen Patrick Goldschmidt mat 12.410 an de Schäffen an Deputéierte Serge Wilmes mat 11.699 Stëmmen. D'Corinne Cahen ass Véiertgewielt mat 11.328 Stëmmen.