Guy Altmeisch (LSAP) dierft Buergermeeschter ginn

Et dierft zu enger LSAP-CSV Koalitioun kommen. Grousse Verléierer sinn déi gréng.
E batteren Walowend war et e Sonndeg zu Déifferdeng, wou déi gréng mat der Buergermeeschtesch-sortante Christiane Brassel-Rausch e Fënneftel vun de Wielerstëmmen a 4 Sëtz verluer huet.
Domat geet och den Usproch op de Pouvoir verluer an déi gréng sinn an d'Oppositioun relegéiert. De Wee ass deemno zu Déifferdeng fräi fir eng grouss Koalitioun vun de Wal-Vainqueuren. D'Fro ass deemno nach wien dann lo Buergermeeschter gëtt.
De Sozialist Guy Altmeisch huet eng 3.350 Stëmmen an dierft neien 1. Mann ginn - säin 1. Schäffen dierft dann den CSV-Politiker Tom Ulveling ginn, deen eng 3.150 Stëmme krut.
Et dierft zu enger rout-schwaarzer Koalitioun kommen. Nieft deene Gréngen wieren och d'DP, déi Lénk an d'Piraten an der Oppositioun zu Déifferdeng - eng-Süd-Metropole, déi deemno nees dierf dee roude Fändel iwwert deem roude Minett erop zéien.