E Sonndeg Owend gouf et am héijen Éislek jo eng grouss Iwwerraschung. D’CSV mam Deputé-Maire Emile Eicher huet 12,6 Prozentpunkten verluer.

Si kommen op 30,1  Prozent. D’Biergerlëscht mat un der Spëtzt dem Georges Keipes hunn 16,2 Prozentpunkten gewonne an kommen op 30,5  Prozent.

De Georges Keipes krut mat 1.954 perséinleche Stëmmen, der awer däitlech iwwer 300 méi wéi de President vum Syvicol Emile Eicher.

De Georges Keipes confirméiert e Méindeg de Mëtteg, dass owes zu Clierf déi éischt Sondéierungsgespréicher wäerte lafen. Et hätt een immens vill Aarbecht an dofir soll séier gekläert ginn, wéi et virugeet.

Hie wéilt och de Wonsch vum Wieler respektéieren a wier deementspriechend prett fir Verantwortung z'iwwerhuelen als zukünftege Buergermeeschter vun der Gemeng Clierf.