De Politdrama zu Wooltz geet virun. D'CSV-DP wëll jo zu Wooltz d'Rudder iwwerhuelen, mee bannent der CSV-Sektioun goufen et Onstëmmegkeeten, wéi dat Ganzt

Dofir huet en Dënschdeg de Mëtteg den CSV-Schäffen an zweetgewielten op der CSV-Lëscht, de Patrick Comes, seng Parteikaart ofginn a geet als fräie Member an de Gemengerot setzen. Hien an den Albert Waaijenberg wieren net zefridden mat der Aart a Weis, wéi dës Koalitioun zustane koum.

Donieft wier hien der Meenung, dass et eng geféierlech Situatioun wier, dass elo eng komplett nei Ekipp un d'Rudder kënnt, bei deene grousse Projeten déi zu Wooltz an den nächste Joren ustinn, sou de Patrick Comes. Am Schäfferot wier an Zukunft nämlech eng Ekipp aus Leit, déi virdrunner awer just am Gemengerot vertruede waren an sech elo mol nach missten aschaffen. De Patrick Comes sot op RTL-Nofro och, dass hie kengem schlecht gewëllt wier, mee hien eben net esou wéilt schaffen. Och ouni de Patrick Comes hätt d'CSV-DP weiderhin eng Majoritéit mat 7 vun 13 Sëtz.

Detailer ronderëm déi neisten Entwécklungen zu Wooltz fannt Dir hei.