No vill Diskussiounen a méigleche Plainten
Dario Ballanti gëtt säi Mandat zu Beefort un Anne Kohl-Kortum of

Well ee sech iwwert d'Wunnsituatioun vum Kandidat vun der Biergerlëscht net eens war, huet d'Géigelëscht zu Beefort eng Plainte gemaach.
Um Facebooksite vun der "Biergerlëscht Beefort Déiljen Grondhaff" huet den Dario Ballanti seng Situatioun erkläert a matgedeelt, datt him d'Decisioun, säi Posten am Gemengerot opzeginn, schwéiergefall ass. Dëse wäert vun der 5.-Gewielten op der Lëscht, der Anne Kohl-Kortum, iwwerholl ginn. Hien huet dës Decisioun am Sënn vu Beefort an der Partei geholl, esou de Ballanti weider, deen och verséchert huet, datt een als Ekipp och weider géif schaffen.
Am meeschte gelies