
E klenge Fliger ass e Méindeg am Südsudan an der Géigend vun der Haaptstad Juba ofgestierzt. Dobäi sinn all 13 Passagéier an och de Pilot ëm d'Liewe komm, esou lokal Autoritéiten.
De Fliger war eng Cessna, déi vum internationale Fluchhafen zu Juba gestart ass an ongeféier 20 Kilometer vun der Haaptstad ofgestierzt ass. Éischten Erkenntnisser no wier d'Ursaach "ongënschteg Wiederkonditiounen, besonnesch schlecht Siicht" gewiescht.
Ënnert den Affer waren 12 Persounen aus dem Südsudan an zwee aus Kenia.
De Südsudan huet mat Instabilitéit, Konflikter an Aarmut ze kämpfen a verfüügt net iwwer eng zouverlässeg Transportinfrastruktur. Fligeraccidenter sinn net ongewéinlech a ginn dacks op Iwwerlueden a schlecht Wiederkonditiounen zeréckgefouert.
Am Januar 2025 sinn 20 Mënsche bei engem Fligeraccident am Norde vum Südsudan ëm d'Liewe komm. Am Joer 2021 si fënnef Leit gestuerwen, wéi e Cargofliger mat Pëtrol fir de Welternärungsprogramm vun der UN ofgestierzt ass.
2017 ass e Fliger vun der Pist ofkomm, an e Pompjeeswon gerannt an duerno a Flamen opgaangen – déi 37 Persounen u Bord hunn deemools awer iwwerraschend iwwerlieft. An 2015 ass en Antonov-Fliger aus sowjettescher Zäit zu Juba ofgestierzt, wat 36 Mënschen d'Liewe kascht huet.