Arméierten IwwerfallNigeria: Ugräifer entféieren 23 Kanner aus Weesenhaus

AFP, iwwersat vun RTL
Bei engem Iwwerfall op e Weesenhaus am nigerianesche Bundesstaat Kogi sinn op d'mannst 23 Kanner entfouert ginn, woubäi no enger éischter Rettungsaktioun nach aacht vermësst ginn.
Detailer zum Alter vun de Kanner si bis ewell net bekannt.
© OLYMPIA DE MAISMONT/AFP

Arméiert Ugräifer hunn an engem net-registréierte Weesenhaus am Zentrum vu Nigeria, am Bundesstaat Kogi, op d'mannst 23 Kanner entfouert, sou lokal Autoritéiten e Méindeg. No enger Rettungsaktioun ginn am Moment nach aacht Kanner vermësst.

Grouss ugeluechten Entféierunge sinn an Nigeria eng ëmmer méi heefeg Method ginn, mat där kriminell Banden an arméiert Gruppe séier Sue verdéngen, virun allem a ländleche Géigenden, wou de Staat nëmme wéineg present ass.

D'Kanner goufen aus enger Struktur an enger "isoléierter Géigend" vun der Bundeshaaptstad Lokoja entfouert, sou de Kommissär fir Informatioun, Kingsley Fanwo, an enger Stellungnam. Hien huet dobäi betount, datt eng "séier a koordinéiert Reaktioun" vun de Sécherheetsbeamten dozou gefouert hätt, datt 15 Kanner konnte gerett ginn.

Offiziellen Informatiounen no gouf och d'Fra vum Proprietär vum Weesenhaus entfouert. "Intensiv Operatioune lafen, fir déi reschtlech aacht Affer sécher zeréckzebréngen an d'Täter ze faassen", esou de Fanwo.

Detailer zum Alter vun de Kanner huet hien net bekannt ginn.

De Fanwo huet weider ënnerstrach, datt d'Weesenhaus illegal bedriwwe gouf. Et géing sech an enger ofgeleeëner Géigend befannen a wier net beim Staat ugemellt gewiescht, an och net den zoustännegen Autoritéiten oder Sécherheetsdéngschter bekannt.

Nigeria steet aktuell viru verschiddene Sécherheetsproblemer, dorënner dschihadistesch Opstänn zanter Joren, souwéi weider intern Konflikter a separatistesch Beweegungen am Südoste vum Land.

Back to Top
CIM LOGO