
An och wéi eng wichteg Decisiounen an den nächste Wochen zu Bréissel a Stroossbuerg ustinn a wéi eng Positioune si dobäi vertrëtt. Dobäi goung et ënner anerem ëm de Manktem u wichtege Medikamenter, d'Personalkris am Gesondheetssecteur, méi strenge Reegele bei Déierentransporter an de pluri-annuellen EU-Finanzplang.
Et wier wichteg, de Leit d'Sujeten, déi am Parlament diskutéiert an ofgestëmmt ginn, méi no ze bréngen, esou déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz. Am Beräich Gesondheet sti virun allem essenziell Medikamenter am Fokus. D'EU wëllt sech no der Pandemie besser ofsécheren a manner ofhängeg vum Ausland ginn. Am Beräich Déiereschutz geet et ëm nei Reegele fir Déierentransporter an ëm méi streng Virschrëfte fir d'Zuucht an de Verkaf vun Hënn a Kazen, ënner anerem mat engem obligatoresche Marquage iwwer Mikrochip.
An Agrardossiere plädéiert d'Tilly Metz fir eng méi nohalteg Politik. Europäesch Sue sollen éischter der Produktioun vu Bio-Produiten zegutt kommen, amplaz zum Beispill staark verschaffte Produiten. D'Tilly Metz huet betount, datt een an Zukunft misst ophalen a Siloen ze denken.
"Zweetens ass et fir mech wichteg, dass mir de Mënsch an de Mëttelpunkt stellen an net kuerzfristeg, finanziell Interesse vun e puer Aktionären. Dat heescht, wichteg ass de Vorsorgeprinzip an d'Preventioun an de Mëttelpunkt ze stellen an net just kuerzfristeg ze denken, wéi mir kënne kuerzfristeg finanzielle Benefice maachen, mir mussen an d'Zukunft investéieren."
En anere wichtege Sujet fir d'gréng EU-Vertriederin ass den Interimsrapport iwwert de pluri-annuellen EU-Finanzplang, dee mat ronn 214 Milliarden Euro dotéiert ass. Dobäi geet et ëm d'Prioritéite fir den nächste laangfristegen EU-Budget, also wéi vill Suen an den nächste Joren ënner anerem a Beräicher wéi Verdeedegung, Klima, Landwirtschaft, Fuerschung oder Gesondheet investéiert solle ginn.
"A wat elo mol gutt ass an de Verhandlunge vun dem Rapport ass wierklech déi pro-europäesch Gruppéierungen, déi dru geschafft hunn. Wat elo gutt ass, a wat mir hei gerett kruten ass, dass do d'Kompetitivitéit zesumme gesi gëtt mat Klimaschutz, mat Waasserresilienz an dass all finanziell Ënnerstëtzung och Hand an Hand geet mat EU-Grondwäerter a mat Rechtsstaatlechkeet."
Beim neie Budget géing et dem Tilly Metz no och drëms goen, datt d'EU méi eege Recettë generéiert. Hei géing ënnert anerem eng méi fair Besteierung vu grousse Konzerner, online Glécksspiller, Cryptokapital-Benefisser a schiedleche Produiten, déi der ëffentlecher Gesondheet schueden, wéi zum Beispill dem kultivéierte Fleesch, debattéiert ginn.