
Eng Schlaange-Show an engem Hotel zu Hurghada an Ägypten ass fir e Mann aus Bayern déidlech ausgaangen. De 57 Joer ale Mann war Ufank Abrëll zesumme mat dräi Familljememberen an d'Virféierung vun engem sougenannte "Schlangenbeschwörer", wéi d'Police vu Kempten e Méindeg matgedeelt huet.
Wärend der Show kruten Touristen ënner anerem zwou Schlaangen – méiglecherweis Kobraen – ëm den Hals geluecht. Eng vun dësen huet de Schlaangen-Artist an d'Box vum Affer erakrauche gelooss.
Dobäi huet d'Schlaang de Mann an d'Bee gebass. Police-Informatiounen no huet de Mann dono däitlech Zeeche vun enger Vergëftung gewisen a misst wéinst engem Häerz-Kreeslaf-Stëllstand reaniméiert ginn.
De Mann aus Bayern gouf an e Spidol bruecht, wou hie spéider gestuerwen ass.
De Parquet an d'Police vu Memmingen hunn Ermëttlungen zu den Ëmstänn vum Doud opgeholl. D'Resultater vun enger toxikologescher Ënnersichung stoungen deemno nach aus.