
Den Iran huet e Méindeg kloergestallt, datt een all amerikanesch Interventioun am Sträit ëm d'Hormus-Strooss als Verstouss géint de Waffestëllstand am Noen Oste géif interpretéieren. Dës Ausso koum, nodeems den US-President Donald Trump ugekënnegt huet, dass d'USA ufänken, Handelsschëffer duerch déi blockéiert Waasserstrooss ze eskortéieren.
Aus den USA koum e Méindeg dunn d'Nouvelle, datt US-Krichsschëffer déi bis ewell vum Iran blockéiert Mieresstrooss passéiert hätten. Der US-Arméi no wieren d'Schëffer no hirem Passage duerch d'Mieresenkt elo am Persesche Golf. Den US-Zentralkommando huet matgedeelt, datt d'US-Schëffer fir d'Ënnerstëtzung vun der Missioun "Project freedom" am Asaz wieren.
Déi iranesch Staatstëlee huet iwwerdeems bericht, datt déi iranesch Marinn Warnschëss an der Géigend vun den US-Krichsschëffer geschoss hätt. Dem Bericht no hätten d'US-Schëffer eng éischt iranesch Warnung ignoréiert. Doropshi wieren als "Warnschoss" ënnert anerem Rakéiten an Dronen "ëm déi feindlech Schëffer vum Aggresseur" lancéiert ginn.
D'Matdeelung aus den USA, datt zwee Handelsschëffer ënner US-Fändel d'Strooss vun Hormus passéiert hätten, gouf iwwerdeems vun iraneschen Autoritéiten dementéiert: "Keng Handels- oder Pëtrolsschëffer hunn d'Strooss vun Hormus an de leschte puer Stonne passéiert an d'Behaaptunge vun US-Autoritéite si komplett falsch", esou d'Revolutiounsgarden.
D'USA hunn eegenen Aussoen no e Méindeg ausserdeem sechs iranesch Booter zerstéiert, déi "d'Handelsschëfffaart menacéiert" hätten. Teheran dementéiert, datt iranesch Booter versenkt gi wieren.
Zanter dem Waffestëllstand den 8. Abrëll leien d'Verhandlungen tëscht den USA an dem Iran op Äis. Den Iran kontrolléiert nach ëmmer déi strategesch wichteg Mieresstrooss, nodeems et zu US-israeeleschen Attacken op Teheran komm war.
Dëst bleift e wichtege Sträitpunkt tëscht béide Länner. Duerch déi iranesch Blockad vun der Hormus-Strooss ginn aktuell grouss Quantitéiten Ueleg, Gas an Dünger net méi um Weltmaart verdeelt.
Als Géigemoossnam hu sech d'USA dozou entschloss, och eng Blockad géint iranesch Häfen ze imposéieren.
Den Donald Trump huet de Weekend säin neie maritimmen Asaz als "Project Freedom" bezeechent an dëse Schrëtt als "humanitäre Gest" fir déi vill betraffe Schëffer an hir Besatzunge bezeechent, wëll dës net genuch Verfleegung kéinten hunn.
D'Operatioun soll e Méindeg ufänken. Dem US-Central Command no ginn an dëser Missioun iwwer 100 Fligeren an Dronen an ëm déi 15.000 Zaldoten agesat.
Als Äntwert huet de Chef vun der nationaler Sécherheetskommissioun am iranesche Parlament betount, dass all amerikanesch Stéierung am neie Maritim-Regimm an der Hormus-Strooss als Verletzung vum Waffestëllstand gewäert gëtt.
Trotz der ugespaanter Lag huet den Trump deklaréiert, dass seng Vertrieder "ganz positiv Gespréicher" mam Iran féieren, déi fir béid Säiten eng Léisung brénge kéinten. Allerdéngs ass hien net op de 14-Punkte-Plang agaangen, deen Teheran als Basis fir en Enn vum Konflikt proposéiert huet.