Attacken aus Israel50.000 Haiser a Wunnengen am Libanon zerstéiert oder beschiedegt

AFP, iwwersat vun RTL
Iwwer 50.000 Haiser a Wunnenge goufe bannent knapp 45 Deeg bei israeeleschen Attacken am Südlibanon zerstéiert oder beschiedegt.
Bei israelischen Angriffen im Libanon sind nach Angaben aus Beirut seit Anfang März mehr als 62.000 Häuser und Wohnungen zerstört oder beschädigt worden.
Iwwer 62.000 Haiser a Wunnenge goufe bannent knapp 45 Deeg bei israeeleschen Attacken am Südlibanon zerstéiert oder beschiedegt.
© AFP

Bei israeeleschen Attacken op de Libanon goufen der Regierung no zanter Ufank Mäerz iwwer 50.000 Haiser a Wunnengen zerstéiert oder beschiedegt. "Bannent knapp 45 Deeg gouf et 17.756 zerstéiert an 32.668* beschiedegt Haiser a Wunnengen", sot de Chef vum Nationale Fuerschungszenter (CNRS), den Tschadi Abdallad, e Mëttwoch zu Beirut. Him no goufen och an den éischten dräi Deeg vun der Wafferou, déi zanter e Freideg a Kraaft ass, weider "428 Haiser a Wunnengen zerstéiert a 50 beschiedegt".

De Libanon war Ufank Mäerz an den Iran-Krich eragezu ginn. Deemools huet déi pro-iranesch Hisbollah-Miliz als Reaktioun op d'Ermordung vum héchsten iranesche Leader Ayatollah Ali Chamenei Rakéiten op Israel geschoss. An der Suite huet Israel sëllegen Ziler am Libanon ugegraff a Buedemtruppen iwwer d'Grenz geschéckt. Am Libanon goufe méi wéi 2.400 Leit ëmbruecht, iwwer eng Millioun Leit hu missten hir Haiser verloossen.

Trotz der zéng Deeg laanger Wafferou, déi e Freideg a Kraaft getrueden ass, geet d'Zerstéierung vu Gebaier duerch d'israeelesch Arméi am Südlibanon weider, wéi déi libaneesesch Autoritéiten an Aenzeie mellen. Bei Verhandlunge mat Israel, déi fir en Donneschdeg geplangt sinn, wëll de Libanon eegenen Aussoen no eng Verlängerung vun der Wafferou ëm ee Mount fuerderen, souwéi de "Stopp vu Sprengungen an Zerstéierungen an de Gebidder, an deenen Israel present ass".

Israel an den Libanon hu keng offiziell diplomatesch Relatiounen a sinn zanter 1948 formell am Krichszoustand. D'lescht Woch haten eng éischte Kéier zanter iwwer dräi Joerzéngten diplomatesch Vertrieder vu béiden Nopeschlänner zu Washington direkt Gespréicher gefouert. D'Entrevue vun den Ambassadeuren ass ouni konkreet Resultater op en Enn gaangen. Dësen Donneschdeg soll nach emol verhandelt ginn.

*An enger éischter Meldung hat d'Noriichtenagence vun 21.700 zerstéiert a 40.500 beschiedegten Haiser a Wunnenge geschwat, dës Zuel gouf awer am Laf vum Mëttwochowend korrigéiert.

Back to Top
CIM LOGO