
Ronn 850.000 Stéit waren en Donneschdeg de Moien nach vum Elektreschen ofgeschnidden, nodeem de Stuerm “Nils” op de Süde vu Frankräich getraff ass. D’Autoritéiten haten eng “Vigilance rouge” erausgi wéinst villem Reen a staarkem Wand. Betraff waren ënner anerem d’Savoie an d’Aude.
Déi Regioun, déi am Schlëmmste getraff gouf, war d’Nouvelle-Aquitaine, wou eng 485.000 Stéit ouni Stroum waren, esou wéi och d’Occitanie, wou 318.000 Stéit am Donkele souzen. Dat war d’Situatioun vun en Donneschdeg de Moien um 6 Auer. De Bedreiwer vum Reseau Enedis huet scho reagéiert an 360 Mataarbechter mobiliséiert, fir séier kënnen op den am Schlëmmste betraffene Plazen anzegräifen. Schonn e Mëttwoch den Owend hat een 1.400 Leit mobiliséiert, déi séier op d’Situatioun reagéiere konnten.
Bis ewell ass duerch de Stuerm och op d’mannst eng Persoun ëm d’Liewe komm. Bei engem Accident, bei deem Äscht vun engem Bam op d’Strooss gefall waren, war e Camionschauffer gestuerwen. An de Landes, wou den déidlechen Accident war, goufe Wandspëtzte vu bis zu 160 Kilometer an der Stonn gemooss.