Dovu gezielt kritt si vun hire Beneficiairen, zu engem groussen Deel weiblech Prostituéiert. “Duerch dëse Service hunn ech eng ganz aner Säit vu Lëtzebuerg kennegeléiert, déi mir viru Joren net esou bewosst war. Ech hunn elo eng aner Vue, net just op d’Männer, mee op de Mënsch allgemeng”, sou déi 29 Joer jonk Fra.
D’Prostitutioun zu Lëtzebuerg wier extrem present, awer kaum visibel. De Gros géif hautdesdaags an AirBnBen, Appartementer oder Hoteller stattfannen. Protegéiert sinn d’Sexworkers domat awer net, am Géigendeel. “Déi mannste vun hinne jäizen no Hëllef, wa si an enger Wunneng vun engem Client ugegraff ginn. Hir Aktivitéit kéint jo dann opfléien. Et ass jo net legal”, seet d’Meggie Jacoby, a bedauert, datt et kee méi ugepasste legale Kader gëtt fir d’Prostitutioun.
Mir hunn d’Assistante sociale een Owend laang op hirer Schicht am Garer Quartier begleet.
An der Serie “Mir, am Soziale” stinn déi am Fokus, déi deene Schwächste vun der Gesellschaft am Alldag Hëllef bidden. Et si Portraite vu Leit, déi sech do asetzen, wou anerer dacks ewechkucken. Een Abléck an d’Aarbecht vun de Sozial-Aarbechter aus de verschiddenste Servicer a Strukturen am Land.
All Mëttwoch fannt dir een neie Reportage am Magazin, an op RTL Play