Russland huet an der Nuecht op en Donneschdeg déi ukrainesch Haaptstad Kiew nees massiv attackéiert, dat mat Rakéiten an Dronen. De Buergermeeschter Vitali Klitschko mellt, dass Wunngebaier, respektiv Butteker getraff goufen, grad ewéi Infrastrukture vun der Energieversuergung. Et géife Blesséierter, wéi vill ass awer nach net gewosst. Och Odessa war nees Zil vun Attacken.
Zu Bréissel kommen en Donneschdeg iwwerdeems d’Verdeedegungsministeren zesummen, fir iwwert déi weider Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ze beroden. Bei de Gespréicher ass och den neien ukrainesche Verdeedegungsminister Federow dobäi.