D’Attack huet ronn zwou Stonne gedauert an de Jugendlechen huet kuerzzäiteg och e puer Geisele geholl. De Schouldirekter ass en Donneschdeg de Moien u sengen uerge Blessure gestuerwen, nodeems hie bei der Attack schwéier verwonnt gouf. Ee Schüler war duerch Schëss blesséiert ginn, iwwerdeems een anere sech verletzt huet, wéi e vun engem Gebai gesprongen ass, fir ze flüchten.
De 17 Joer alen Täter wier den Autoritéite bekannt gewiescht, dat wéinst Drogemëssbrauch a psychesche Problemer. E Mëttwoch de Moie war d’Police alarméiert ginn, well e fir Onroue gesuergt hat. En huet dunn e Polizist attackéiert an him d’Waff geklaut, mat där en duerno an der Schoul op Schüler a Personal geschoss huet. Do koum et dann och zu engem Schosswiessel mat der Police, woubäi hie verwonnt gouf, éier e verhaft konnt ginn.