
Den europäeschen Think Thank ESPI, an deem och d’Lëtzebuerger Weltraumagence Member ass, gesäit de Lancement vun der Ariane 6 als e strategesche Meilesteen, duerch deen den europäeschen Zougang zum All soll ofgeséchert ginn. Dat an enger Zäit, an där de Weltraum ëmmer méi eng politesch, ekonomesch a sécherheetsrelevant Roll spillt.
Et ass den éischte Lancement vun der stäerkster Konfiguratioun, der Ariane 6-4. Am Géigesaz zur Basisvariant mat zwou Zousazrakéite suergen hei véier Booster fir extra Schub an der éischter Fluchphas. Dëst erlaabt et, méi wéi duebel esou vill Notzlaascht an d’Ëmlafbunn ze transportéieren, e wichtege Schrëtt fir och bei méi schwéiere Missioune kompetitiv ze bleiwen.
“Europa huet e kloert Interessi, Rakéiten ze hunn, déi eis erlaben, eis eege Missiounen an den Orbit ze bréngen“, seet de Ludwig Möller, Direkter vum European Space Policy Institute (ESPI). Dat géif net nëmme fir wëssenschaftlech Projete gëllen, mee virun allem och fir Sécherheets- a Verdeedegungsmissiounen. Dofir wier et entscheedend, iwwer zouverlässeg a kompetitiv Launcher ze verfügen.
“Et ass wichteg, datt d’Zouverlässegkeet, déi bis elo gewise gouf, elo och an dëser Konfiguratioun bestätegt gëtt“, erkläert den Expert.

Nieft dem technesche Succès spillt och déi politesch Dimensioun eng Roll. An Europa gëtt zënter Längerem iwwer eng ‘European Preference’ diskutéiert, also d’Iddi, europäesch Launcher fir europäesch Missiounen ze privilegéieren. “Dat ass e wichtege Schrëtt”, esou de Möller, “mee genee esou wichteg ass et, en eegene kommerziellen europäesche Marché opzebauen.”
Paradox wier dobäi, datt d’Ariane 6 mat engem amerikanesche Grouss-Client start: Amazon bréngt seng Kuiper-Konstellatioun an Orbit, en direkte Konkurrent vu Starlink. “Mir bedéngen haut e globale Marché, fir muer en nohaltegen europäesche Marché ze hunn”, seet de Ludwig Möller.
An dësem Kontext spillt och d’SES aus Lëtzebuerg eng Roll. De Satellittebedreiwer setzt zanter Joren haaptsächlech op amerikanesch Rakéiten, virun allem op SpaceX. Dat wier aus Betribssiicht awer absolut logesch, betount den ESPI-Direkter: “Fir e Bedreiwer geet et als éischt drëms, seng Systemer séier an zouverlässeg an den Orbit ze kréien, dovun hänken d’Recetten of.”
D’Ariane 6 kéint fir d’SES also en Deel vun engem méi breede Launch-Portfolio ginn, besonnesch am Bléck op zukünfteg europäesch Programmer wéi “IRIS²". Gläichzäiteg wier et normal, datt och weiderhin an anere Länner gestart gëtt: “dat kënnen d’USA sinn, mee och Japan oder Indien.”
Am internationale Verglach misst een Ariane 6 differenzéiert bewäerten. “Fir dat, woufir se gebaut gouf, ass d’Rakéit exzellent, mat héijer Zouverlässegkeet a grousser Präzisioun“, seet de Ludwig Möller. Den direkte Verglach mat Falcon 9 wier awer net ëmmer fair.
Bei SpaceX géif alles aus enger Hand kommen: Rakéit, Satellitten a Servicer: “Dat nennt ee vertikal Integratioun an dat ass e Schlëssel zum Erfolleg vu Starlink“, erkläert hien. An Europa wieren dës Beräicher nach kloer getrennt, Launcher-Hiersteller, Satellitteproduzenten a Bedreiwer wéi SES oder Eutelsat wieren onofhängeg Acteuren.
De Ludwig Möller wäert selwer zu Kourou dobäi sinn. Fir hien ass et net nëmme wéinst der Rakéit e spezielle Moment: “Et ass interessant ze gesinn, wéi eng amerikanesch dominéiert kommerziell Welt an en europäesche Launcher hei zesummekommen“, seet hien.
An dat an enger Zäit, an där d’Diskussioune ronderëm Souveränitéit am All méi relevant si wéi jee.