Skelett a Wallis fonntSpuenesch Police mécht elo en Zeienopruff

RTL Lëtzebuerg
Zu Benahavis op der Insel Malaga goufe scho virun dräi Joer d'Iwwerreschter vun enger Fra entdeckt.
Spuenesch Police mécht elo en Zeienopruff
Zu Benahavis op der Insel Malaga goufe scho virun dräi Joer d’Iwwerreschter vun enger Fra an enger Wallis entdeckt.

Viru ronn dräi Joer huet e Gäertner d’Wallis, déi zum Deel agebuddelt war, fonnt. Déi stierflech Iwwerreschter, déi dra waren, konnte bis haut nach net identifizéiert ginn, obwuel ee Spezialisten an der Forensik ëm Hëllef gefrot huet. Mat enger Technik, mat deem een d’Gesiichtszich nees erstelle kann, konnten d’Experten awer erausfannen, datt et sech bei der Läich ëm eng Fra géif handelen, déi ronn 40 Joer al an tëscht 2020 an 2023 gestuerwen ass.

Weider weisen d’Analysen, datt d’Fra wuel bei gudder Gesondheet war an europäesch Originnen huet. Schätzungsweis ass si 1,60 grouss, vu wäisser Hautfaarf an hat brong oder donkelbrong Hoer wéi och brong Aen. Et geet een och dovunner aus, datt si op d’mannst ee Kand hat.

Mat deenen Informatioune riicht sech déi spuenesch Police elo un de Public, an der Hoffnung, fir weider Detailer iwwer d’Läich gewuer ze ginn. Dofir kënne sech d’Leit via Mail un ma-pj-personas@guardiacivil.org mellen.

Back to Top
CIM LOGO