Den James Van Der Beek gouf virun allem bekannt duerch seng Roll als Dawson Leery an der TV-Serie "Dawson's Creek". Am November 2024 huet hien ëffentlech gemaach, dass bei him Daarmkriibs diagnostizéiert gouf.
Elo huet seng Fra matgedeelt, dass hien de Kampf géint de Kriibs verluer huet. E wier e Mëttwoch de Moie friddlech ageschlof.
Nieft senger Roll an Dawson's Creek huet hien awer och soss nach an e sëllege Filmer oder Serië matgespillt.
Filmer
- The Rules of Attraction (2002) – eng vu senge bekanntste Kino-Rollen als Sean Bateman
- Varsity Blues (1999) – Sportdrama, wou hien den Jonathon "Mox" Moxon spillt
- Scary Movie (2000) – kleng Roll als Dawson Leery
- Texas Rangers (2001) – Western, an där hien de Lincoln Rogers Dunnison spillt
- Formosa Betrayed (2009) – als FBI-Agent Jake Kelly
- Downsizing (2017) – Roll als Anesthesiologist
- Bad Hair (2020) – als Grant Madison
Serien
- Dawson’s Creek (1998–2003) – seng Durchbrochsroll als Dawson Leery
- CSI: Cyber (2015–2016) – Haaptroll als Elijah Mundo
- Don’t Trust the B---- in Apartment 23 (2012–2013) – spillt eng fiktiv Versioun vu sech selwer
- Pose (2018) – reegelméisseg Roll als Matt
- How I Met Your Mother – ëmmer nees als Simon ze gesinn
- Vampirina (2017–2020) – vill Episoden als Stëmm vum Boris Hauntley