
D’Fra wier mat engem Gewier an enger Pistoul arméiert mat enger “sech selwer zougefüügter Schosswonn” dout fonnt ginn, huet d’Police an der Provënz British Columbia e Mëttwoch matgedeelt. Virdrun hätt déi als Mann gebueren Trans-Fra aacht Mënschen erschoss, dorënner och hir Mamm an hire Stéifbrudder.
D’Motiv vun der Täterin wier awer bis ewell onkloer, esou ee Policespriecher. D’Trans-Fra wier der Police scho bekannt gewiescht. Am Kader vu psychesche Probleemer bei der presuméierter Täterin wieren d’Beamte scho méi dacks bei d’Haus vun der Famill geruff ginn.
Virun enger Rei Jore waren e puer Waffen aus dem Haus saiséiert ginn, wéi d’Police matgedeelt huet. D’Waffe wieren allerdéngs duerno zeréckgi ginn, nodeems de rechtméissege Besëtzer dat ugefuerdert hat. Déi jonk Fra hat an der Vergaangenheet eng Waffelizenz gehat, déi allerdéngs 2024 ofgelaf wier. Op hiren Numm ware keng Waffe registréiert.
D’Täterin hat der Police no viru véier Joer d’Schoul ofgebrach an hätt sech “sozial an ëffentlech” als Fra identifizéiert.
Zu Tumbler Ridge, engem Duerf mat 2.700 Awunner, hate Polizisten an engem Lycée d’Läiche vu sechs erschossene Mënsche fonnt. D’Affer wieren eng 39 Joer al Léierin a fënnef Schoulkanner - dräi 12 Joer al Meedercher an een 12 an een 13 Joer ale Jong. An engem Wunnhaus nobäi goufen zwou weider Läiche fonnt, d’Mamm an de Stéifbrudder vun der Täterin. D’Police war dohinner gaangen, nodeems een anere Familljemember, ee Meedchen, Alarm geschloen hat.
D’Police hat virdrun néng Doudesaffer gemellt, ma d’Autoritéiten hunn d’Zuel vun den Affer duerno no ënne korrigéiert. Eng Fra, déi Ufanks fir dout gehale gouf, wier um Liewen. Si géif schwéier blesséiert an der Klinick traitéiert ginn. Op d’mannst eng weider Fra wier schwéier blesséiert. Insgesamt goufen iwwer 25 Leit blesséiert.
De kanadesche Premier Mark Carney huet an enger Usprooch virum Parlament d’Dot als eng “onvirstellbar Grausamkeet” beschriwwen, déi “eis Natioun a Schock an eis all an Trauer versat huet.” Dat ganzt Land géif de Betraffenen zur Säit stoen. Landeswäit gouf fir eng Woch beuerdert, d’Trauer-Fändele fléien ze loossen.
De kanadesche Premier huet iwwerdeems och zum Zesummenhalt opgeruff: “Mir wäerten dat iwwerstoen. Mir wäerten doraus léieren. Awer elo ass et Zäit, zesummenzekommen, esou wéi d’Kanadier et ëmmer maachen.” De Carney huet seng Rees op d’Münchener Sécherheetskonferenz “fir den Ament” ofgesot, wéi säi Büro der AFP géigeniwwer sot. Hien hat geplangt, vu Mëttwoch bis Sonndeg zu München ze sinn.
De brittesche Kinnek Charles III., deen offizielle Staatschef a Kanada ass, huet erkläert, d’Kinnigin Camilla an hie wieren “zudéifst schockéiert a traureg” iwwert den Ugrëff. “An enger esou enk verbonnener Stad wäert all Kand beim Numm bekannt sinn an all Famill een Noper sinn”, sot hien.
Arméiert Ugrëff mat esou vill Affer gëtt et a Kanada nëmme seelen. Am Joer 2020 hat ee Mann bei engem Amoklaf en der ëstlecher Provënz Nova Scotia 22 Mënschen ëmbruecht. Statistike weisen, datt d’déidlech Gewaltdote mat Schosswaffen a Kanada ëmmer méi heefeg ginn. 2023 hat d’Land 36,9 esou Fäll pro 100.000 Awunner - eng Hausse vun 22 Prozent am Verglach mat 2018 a 55 Prozent am Verglach mat 2013.