Vum 1. September un dierfen amerikanesch Bierger net méi an Nordkorea reesen.

Den amerikaneschen Ausseministère huet offiziell ee Reesverbuet fir amerikanesch Bierger Direktioun Nordkorea a Kraaft gesat. De State Departement huet eng entspriechend Deklaratioun publizéiert, deemno dëst Reesverbuet vum 1. September u gëllt. Ausléiser fir des Decisioun wier den erhéichte Risiko verhaft ze ginn, souwéi laangjäreg Prisongsstrofen vun amerikanesche Bierger an Nordkorea. US Bierger, déi den Ament an Nordkorea sinn, oder nach wëllen dohinner, goufen opgeruff d'Land bis den 1. September ze verloossen. Scho viru knapp zéng Deeg hat den US Ausseministère sou ee Reesverbuet decidéiert.