Bei Flich an d'USA gëlle méi streng Kontrolle fir Passagéier

Eng ganz Partie Fluchgesellschaften hu confirméiert, dass si vun den amerikaneschen Autoritéiten opgefuerdert goufe méi streng Kontrollen duerchzeféieren.
Leit, déi an d'USA reesen, musse sech drop astellen beim Check-In, während der Iwwerpréiwung vun den Dokumenter oder och um Gate selwer, eng ganz Partie Froe mussen ze beäntweren, sou ee Spriecher vun der däitscher Fluchgesellschaft Lufthansa.
Och d'Fluchgesellschaft Emirates huet confirméiert, dass am Check-In an Zukunft de Passagéier Froe gestallt ginn. Air France huet vun engem zousätzlechen Sécherheets-Interview geschwat. Vun deenen eenzelen Gesellschaften ass et d'Recommandatioun un d'Passagéier mat Zäiten anzechecken. Vun den amerikaneschen Autoritéiten goufen et weider keng Präzisiounen, wat dës zousätzlech Mesuren uginn. D'Wäisst Haus huet an der lescht awer ëmmer nees Mesuren ergraff, fir d'Arees an d'USA méi streng ze kontrolléieren.